Lëtzebuergesch Lidderméchermusek

Déi lëtzebuergesch Folkgrupp, déi den “Al-Eechternoacher” Numm vum Päiperlek dréit,  gëtt et an verschiddene Besetzungen zanter 1977.

 

De Numm MillerMoaler stoung (a steet nach haut) fir Symbol a Programm an engem.

 

MillerMoaler hat sech als Zil gesat eng faarweg Palette vu liichten, lëschtegen, romanteschen, méi nodenklechen a melancholeschen Lidder unzebidden, déi hiren Ursprong a ganz Europa haten.

 

Mat de Joren ass e Repertoire eropgewuess mat villen ënnerschiddlechen Facetten, mat alen an neien Kompositiounen.

 

D'Uleies war, op verschidde Saachen hinzeweisen, ze erënneren, Lidder nei ze erfannen, se nei ze définéieren, an se domadder als Lidderméchermusek vun an iwwer Lëtzebuerg nei anzebiergeren.

 

De Schwéierpunkt bei de Lidder läit an der Gesellegkeet, deem Alldeeglechen, mat all sengen Usiichten an Aussiichten déi Lëtzebuerg opweises huet.

 

Vun 2018 un vertrëtt de Gérard Bintener de Numm MillerMoaler® weltwäit, ass mat Engagement, perséinlech, musikalesch a gesanglech bei verschiddenen Produktiounen als Komponist a "live" Museker mat derbäi.

 

Wantermount 2019 | MillerMoaler® |  gb ©