en Owend fir de Josy Braun mat Uropféirung vu senger leschter Publikatioun

en Owend fir de Josy Braun mat Uropféirung vu senger leschter Publikatioun "zwéi Meter virun der, Martin !"



Literareschen Owend mat Lidder um Dag vum Buch, den 23. Abrëll 2019 um 20.00 Auer zu Beetebuerg am Literatur-Café am Kader vun der LiteraTour.

"Queesch derduerch" en Owend fir de Josy Braun, Journalist, Kabarettist, Linguist, Schrëftsteller an och Beetebuerger.

De Josy Braun (1938-2012) war ee vun de villsäitegste lëtzebuerger Auteuren an huet e räicht Wierk hannerlooss : Romaner, Kannerbicher, Theaterstécker, Cabaretsprogrammer, Gedichter an Héierspiller.

Mat : Monique Melsen, Josée Klincker, Christiane Kremer, Roland Gelhausen a Gérard Bintener.

"wann e Päiperlek sech mat engem Schreiwerlek ..." ausgewielte Lidder mat Texter vum Josy Braun : Musek : Gérard Bintener.
Lidder zum Owend : Wéi d'Zäit vergeet - Der Melusina hiirt Lidd - D'Schlofhändlerballad - Dem Märri säi Brautrack - Auslännerstëmmrecht - Walert

Wéi aktuell vill vu senge Schrëften hat nach ëmmer sinn, huet dëse literareschen Owend mat Lidder an Texter, Erënnerungen an Erzielungen bewisen. De Publikum war begeeschtert.