DuerfLidder PlayList

1 Auf Freiersfüssen  3:40"

Text a Musek : traditional

Duerf : Hiefenech

2 De Jong vu Bëschrued 2:41" 

Text : traditional ⎮ Musek : Gérard Bintener

Duerf : Bëschrued

3 Schmëtten Hein beséngt säin Duerf 2:22"

Text : Jos Keup | Musek : Gérard Bintener

Duerf : Hielem

4 D’Kopleschter Lidd 3:55"

Text a Musek : Victor Weis

Duerf : Koplescht

5 Den Himmel vun Useldeng 2:48"

Text : Josy Braun ⎮ Musek : Gérard Bintener

Duerf : Useldeng

6 Eraus op Steesel 3:12"

Text : Willy Goergen | Musek : Pol Albrecht

Duerf : Steesel

7 Es wohnt sich ein Weibsbild 4:02"

Text a Musek : traditional

Duerf : Menster

8 De Bidgang no Conter 4:07"

Text : Jacques Diedenhoven | Musek : Gérard Bintener

Duerf : Conter

9 D’Bieleser Lidd 3:55"

Text : onbekannt | Text Refrain : Gérard Bintener | Musek : Gérard Bintener

Duerf : Bieles 

10 Gouschteng, du klengt Muselduerf 2:12"

Text : J.P. Rollinger | Musek : Norbert Zeches

Duerf : Gouschteng

11 Greiweldeng, o Greiweldeng 3:39"

Text : Gérard Bintener | Musek : Gérard Bintener

Duerf : Greiweldeng

12 De Mäerten vum Eechhaff 7:51"

Text : Josy Braun | Musek : Gérard Bintener

Duerf : Wecker

13 Doheem 4:38"

Text : Jang Thill | Musek : Gaston Konrath

Duerf : Am Land iwwerall

All Arrangementer : MillerMoaler 2016 ©

Auf Freiersfüssen

Text : traditional

Musek : traditional

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

1 Wollt ihr hören ein neues Lied

Und das zu Hiefenech ist geschieht,

Vun engem Jongegesellen.

Deen ‘sou gär verheirot wir,

E wosst sech net ze stellen.

2 Ech goung wuel in sein Nopeschhaus

« Ach, Nopesch Mëchel kommt dir ‘raus,

Ech wëll iech eppes soën.

Dir musst mat mir auf Spiere gon,

Ein Wild wolle mir aufjagen ». 

3 Ja wie sie kamen auf die Kiltgesbaach, 

Sie hatten einen anderen Rat im Schlag,

Sie sprachen unterdessen.

« Loosse mer e wéineg méi daper gon,

Da bekomme mir dat Nuechtessen ».

4 Ja wie sie kamen no Steeën viru « Flicken » hiirt Haus,

Vun Aangst stoungen dem Hans seng Haare riicht aus;

Den Hänschen tut zech denken.

« Eine Jungfrau fein, déi wëlde Schwein,

Déi sein net leicht ze fänken ».

5 Ja wéi dat Nuechteesse gehale war,

Den Hans rëselwéiert a riedt ei Wort:

« Mir begieren är Duechter z’ernieren,

Und was ihr ihr zur Heirat gebt,

Dat wëllt der mir erklären ».

6 Déi Kathrin öffnet hire Schrein,

Holt eraus eng Fläsch mat Branntwein,

Sie tut ëm et in sei Glieschen.

Dat aremt Meedchen denkt nicht dran,

Den Hans dee war en Iesel.

7 E freit sech Bierg, e freit sech Dall,

En ass esou dack duurch e Kuerf gefall,

Mat senger langen Nuesen.

Déi Kathrin ist geheirat nun,

Zu Schieren ist sie in « Huesen ».

De Jong vu Bëschrued

Text : traditional

Musek : Gérard Bintener

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

1 Et wor ‘mol e Jong, e Bëschrueder

Wor allzäit verléift wéi e Kueder

E wosst fir e Meedchen ze kréien

Dat Blot vum Himmel ze léien.

2 E wosst en dat Hellegst ze schwieren

Ëm d’Mënner en Hunneg ze schmieren.

Mäi Kiebchen, mäi Poufank, meng Maischen

Sou housch et, meng Deifchen, meng Laischen.

3 E gong iwwerall frécklen a frieden

Op Breinert, op Bous an op Bierden.

Mä wann et driwwer hir da sollt gon

Et gong net fir « jo » dann ze son.

4 Déi eng wor ze graff an ze schankeg

Di aner wor mëll ewéi Pangkech.

Eng drëtt ‘rëm ze schmank an ze ëmpeg

Eng véiert guer kéicheg an dëmpeg.

5 Gekacht or gefuusst or gebroden

Et wor bei him kees geroden.

En hofft eng Prënzessin ze fannen

Duerfir wollt hien sech net bannen.

6 Looss déi Kéier all déi schéi Wierder

Well déi jot de Wand ewéi d’Blieder.

A brennt ‘mol enzwousch eng al Scheier

Géi hardi, a mell dech als Freier.

Schmëtten Hein beséngt säin Duerf

Text : Jos Keup

Musek : Gérard Bintener

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

1 Um Biereg bei der Fäutelfiels, 

do spannen honnert Soën:

Wat wouer ass un deem Geziels,

dat muss de Zwerge froën.

Do stéisst de breede Bëscherbou

erof di knuereg Bichen.

Do strieft eng Gaass de Bëscher zou,

keng schéiner gäs de sichen.

2 Do läit a Blumm a Laf a Bléi,

mäin Hielem sonnergläichen;

do ass mäin Heem, do stong meng Wéi;

do klot ech hanner Läichen.

Do kennen ech all Stän a Bam;

all Numm an all Geschichten;

Do fannen ech a léiwem Dram,

erëm meng Bouwespiichten.

3 Am schéinste blitt de Bann elei,

den Himmel laacht am bloosten;

O Hämecht, al an ëmmer nei !

Bei dir ass d’Gléck am noosten.

D’Kopleschter Lidd

Text a Musek : Wëllem Weis

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

1 Mir sti fest zesummen am Weidendall

voll Kraaft a voll Mutt an der Rei.

Eis Lëscht ass gefëllt mat jong Leiden all,

déi hirem Land an Herrgott trei.

REFRAIN Et steet eis Jugendkraft a Liewen

der lëtzebuerger Heemecht Wuecht.

Fir héich an héiger dech ze hiewen

ass eise Plang stéits Dag a Nuecht.

Eis Parol déi soll téinen, hell an den Dall :

« Heemechtsléift an Herrgottstrei ».

An d’Echo dat äntwert mat luesem Schall :

« Heemechtsléift an Herrgottstrei ».

2 Déif hannert dem Briddel, do läit mäin Heem,

wou d’Mamer sech quëtscht duerch den Dall.

Ëmréngt an ëmdauscht vun den Dännebeem,

dat hat scho Papp a Mamm gefall.

Mir schaffen op Schmelzen am Minetteschacht

mir sangen eist Lidd hannrem Plou.

An hu mir keng Renten, keng Kinneksmacht,

zefridde si mir ëmmerzou.

REFRAIN

3 Mir stungen zesummen a Leed a Nout,

op Poste fir d’Heemechtsland Wuecht.

Mir ware gefaasst op Verrot an Dout,

vun Dag zu Dag, vu Nuecht zu Nuecht.

Eis lescht Liewensfahrt, déi geet d’Sângen an,

do fanne mir endlech eis Rou.

Mä Jongen, dir braucht net ze baangen dann,

hu dir är Schëllegkeet gedon

REFRAIN

Den Himmel vun Useldeng

Text : Josy Braun

Musek : Gérard Bintener

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

1 De Chrëschtemënsch huet vun Natur, 

am Numm vun eiser Här,

de Frënd, de Feind, d’Leit alleguer, 

vu ganzem Häerze gär.

De Fall louch, mengen ech, dersonnert, 

zu Useldeng ëm nonzénghonnert.

2 De Berend souz well stonnelaang,

am « Trëmmel » bei dem Patt.

Doheem war et der Fra doudbaang,

wat kritt ‘lo d’Nopesch mat ?

Hiert Eelst louch an de leschte Wéien,

’t war drop an drun, säi Kand ze kréien.

3  A Berends Mai krut owes d’Kand,

an d’Nopesch war keng bléid,

an de Paschtouer Hällebrand, 

wousst et well owes spéit.

Hie war wéi vrun de Kapp geschloen.

« Dat huet am Mee scho misse sou sinn ! »

4 ’t war ‘lo Oktober, an dat heescht,

datt Berendsen hiert Mai,

sech do e Sakrileg geleescht,

eng Hällendäiwlerei !

Beim Här de Séilefridd war hin :

« Dat  huet am Mee scho misse sou sinn ! »

5 Am Mee, wéi op Härläichendag,

d’Prëssioun mat Grouss a Kleng,

duerch d’Duerf den hellgen Tour gemaach,

du goung déi Zatz gemeng,

et virun eiser Herrgott woen,

de Muttergotteshimmel droen !

6 Dës Éier war nach jiddwer Zäit,

der Onschold virbehal;

eng Éier, de bedreckst lo läit,

eng Schan, e Parskandal !

Nuets tiermt den Här a kann net schlofen,

an denkt un dausend himmlesch Strofen.

7 Vum Priedegtstull den Hällebrand,

a frommer Roserei,

huet d’Sënnerin beim Numm genannt :

« déi Schan héisch Berends Mai ».

En Himmel, deen ee souf géif schännen,

misst een op affner Plaz verbrennen.

8 Keen huet verstan, wat hie wollt son,

mä Allerséilendag,

louss hien e virun d’Kierch sech dron,

an huet en ugestach.

D’Leit koume paff vun allen Ennen,

gesouchen hell den Himmel brennen.

9 D’Liss stoung mam Berend op der Dier,

d’Mai gouf ewech gestouss,

an d’Nopesch mouch sech d’Kräiz op d’Stir,

a faalt hir Hänn am Schouss.

Den Himmel goung zu Gloust an Äschen,

den Här goung heem, fir d’Hänn ze wäschen.

Eraus op Steesel

Text : Willy Goergen

Musek : Pol Albrecht

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

1 Wann d’Rousen an de Gaarde bléien,

an d’Nuechtigailchen séngt am Bësch.

Wann d’Séissel schon rëm denkt un d’Méien,

deckt och d’Natur de Kirmesdësch.

Da bleift a sénge fräie Stonnen,

kee Mënsch méi gär doheem am Haus;

Wie net u Stuff a Bett gebonnen,

fiert oder geet op d’Land eraus.

REFRAIN Den Dall dee richt sou kreidrech a wësst dir och firwat ?

Dat Steesler Bier ass zeideg, ’t gëtt schonn an d’Kierf gemat.

Wëllt dir iech drun ergëtzen, bedenkt iech net ze laang !

Versaumt keng Zäit mat Schwätzen, de Biermaart ass am Gang.

2 Eist Steesel ass e prächtegt Dierfchen,

wéis du kee schéinert mole kanns.

Et hänkt am Bierg do wéi e Kierfchen,

voll Dännendoft a Bléieglanz.

An d’Leit déi do hirt Liewe maachen,

hu fir all Mënsch d’Häerz op der Hand;

Wëllt dir dat Bescht vum Beschte schmaachen,

da kommt heihinn mat Fra a Kand. REFRAIN

3 (original net gesongen !)

Dat ass e Gänglen an e Ruffen, virun der Kierech op der Plaz;

Do bei de Lietschen, an de Stuffen, iwr’all huet jidderee säi Spaass.

Dat ass e Kicklen an en Dénglen, et gëtt gefoxtrott beim Tsching-Tsching.

Léif Kanner iech eng Rous uspénglen, wéi wann eng Polonäs géing. REFRAIN

4 Déi lëschteg Stonne ginn eriwwer,

d’Bier dauert nëmmen eng kurz Zäit;

Mee d’Steesler Loft et geet näischt driwwer,

stärkt Häerz a Longen méng léif Leit.

Am Schiet vun eisen Dännekoppen,

mécht äre Bléck d’Rond duurch den Dall.

Wou Dierfer sech am Grings verstoppen,

an d’Uelzecht séngt mat hellem Schall. REFRAIN

Es wohnt sich ein Weibsbild

Text a Musek : traditional

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

1 |: Es wohnt sich ein Weibsbild in der Biergerschaft Menster |: 2x

|: An déi konnte nicht die Zeit erwarten :| 3x

bis sie heiraten sollt, bis sie heiraten sollt.

2 |: Kaum waren drei Wochen no de Peischte verflossen :| 2x

|: An du hat se schons e Freier :| 3x

deen heescht Néckel oder Klos, deen heescht Néckel oder Klos.

3 |: An si souzen all Owes an der Bakes beim Feier :| 2x

|: An da sproochen si vum schéine Brautgezei :| 3x

wat hien him Schéins käft, wat hien him Schéins käft.

4 |: Ech kafen dir e schéine seidne Mantel mat Fränjlen :| 2x

|: An derbäi nach e schéine Fiederhutt :| 3x

mat Putschen uewn drop, mat Putschen op der Kopp.

5 |: Déi Brauthauw, déi ass jo net geroden am Maachen :| 2x

|: Vir do geet se gutt, hannen awer net :| 3x

de Putsch ass ze breet, an déi Kopp ass ze schmuel.

6 |: Nu betruecht Iech, léif Gefuedesch, eis grousseg Karténgen :| 2x

|An déi hunn de Jong schonn uechtzéng Daler kascht :| 3x

an d’Käschten nach derbäi, an d’Käschten nach derbäi.

7 |: Du koum jo de grousse Krispines vu Bréissel :| 2x

|: Klëmmt den Daach erop, kuckt de Schaaschtech eran :| 3x

wat do ënne virgeet, wat do ënne virgeet.

8 |: Déi éischt Bees, déi hien him gouf, déi huet hien en Daler kascht :| 2x

|: A wann all Bees hien en Daler kascht :| 3x

da brauch hie vill Geld, da brauch hie vill Geld.

9 |: An en dréckt et, an e quëtscht et, an en zibbelt an en zabbelt et :| 2x

|: An en dréckt et an e këddelt et :| 2x

Datt him den Doutschweess,

laanscht d’Baken erau leeft, laanscht d’Baken ‘rau leeft.

10 |: Mir wëllen déi Geleeënhet jo net loosse passéieren :| 2x

|: A mir wëllen him de Scharribarri schlon :| 3x

datt et niewelt a kraacht, datt et niewelt a kraacht.

De Bidgang no Conter

Text : Jacques Diedenhoven 

(1830) Originaltext

Musek : Gérard Bintener

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

1 Zu alen Zäiten, vun alle Säiten

Zur Waldburga, der heeleger Fra.

Gongen d’fromm Krëschten den Älter rëschten,

Mat enger Kierz, engem sëlwren Hierz.

Hir An ze genieren - ville mam Schmieren

Huet se d’Gnod ginn, rëm ze gesinn.

2 An haut no Conter - gi vill Gesonter,

Déi gutt gesinn, wann se duer gin.

A beim Erëmkéiren - hir Aaë verléiren,

Duurch d’mächteg Kraft - vum Riewesaaft.

Kuck an de Bëscher, ënnert den Dëscher,

Lei’n s’openeen, réiren Aarm nach Been.

3 Hei an der Scheier, d’Marréi mam Freier,

D’Kättche mam Franz, sti schonn am Danz.

An zwou ganz Reien - schaddereg Geien,

Op e puer Still - spillen d’Kadrill.

Héier wéi se sangen ! - Kuck wéi se sprangen !

Dat weist de Knéi, dat eppes méi.

4 D’Kristinn am décksten, spréngt dach am flécksten,

Vun deem gefrot, vun deem geplot.

Musst hei ofschloen, an do Jo soen,

D’Gréitchen, déi Lapp, danzt mam Stiedsflapp.

D’Baure gi neidesch, d’Bierger si streidech,

Duurch de Näid - entsteet de Sträit. 

5 Wéi se sech rappen, wéi se sech klappen,

Hei fléit e Glas, do kënnt d’déck Baass.

Se bäissen a krazen - wéi Honn a Kazen,

Déi fannen am Gank - eng Hameschank.

A mat de Fläschen, wéi wa se dreschen,

Schloen se drop, op Nues a Kopp.

6 (original net gesongen)

Nu midd mat Schloen, ka kee méi goen;

Dësem blutt d’Nues, dee läit am Wues.

Dee ka sech net réiren, deee ka sech net kéiren,

Een hei am Eck - een do am Dreck.

Läit een ze wéimren - läit een ze jéimren.

Deen huet kee Schapp - op sengem Kapp.

7 (original net gesongen)

D’Sonn, déi hir Stralen - geloosst huet falen 

Op dat Onglöck, zéit sech zeréck.

A scho weist d’Auer - op der Kiirechmauer.

Datt et ass Zäit, ze endegen de Sträit.

Am fréilechste Sangen, lëschtegste Sprangen.

Gi se vun do, ganz schwaarz a blo.

Mat bluddege Käppen - zerrassene Läppen.

8 (original net gesongen)

Iewel am Bësch, gëtt erëm frësch,

Op d’fierchterlechst Klappen, gehollt eng Schappen.

An hei an ’t do - leeft dat deem no,

Ewéi en Hieschen - iwwert d’gréngt Grieschen,

Dee, méi galant - reecht dëser d’Hand.

Fir se ze féieren - e wéineg spadséieren.

9 (original net gesongen)

Déi lafen hier, déi plécke Bier.

Dee geet sech strecken - duer ënnert d’Hecken,

Bëss se verluer, sech Puer a Puer.

Zesummefannen - hei wat ass dohannen ?

Wat’s de sou wäiss - leie gesäiss.

De Jhang mam Kättchen - op engem Bettchen

Vu weechem Most ! Ei, Brudder, brost !

10 (original net gesongen)

Dach musst der wëssen, datt, beim Gewëssen,

Ech muenech Saach, déi sech deen Dag.

Huet zougedroen, muss iwwerschloen,

Wann ee sech vläicht - iergert ze läicht.

Géif et mir schlecht goen - dach muss ech soen,

Dass d’däischter Nuecht - si an d’Stadt huet bruecht.

Een hat eng Hippchen, deen aner eng kleng Knippchen,

Ee këmmt souguer - an hat en Huer.

11 (original net gesongen)

A muenecht Meedchen - bezillt déi Freedchen,

Déi et onbeduecht - esou wäit huet bruecht.

D’ous unnéi Suergen, déi kaum ee Muergen,

Esou schéi gebléit, ass ofgeméit.

An am Vergoen - huet s’iwwerschloen.

An engem Abléck - all hiirt Gléck.

12 Zu alen Zäiten, vun alle Säiten

O Waldburga, du heeleg Fra !

Wann’s de mam Schmieren - och kënns genieren,

Esou eng Wonn, dees Schmier eng Tonn.

Miss de ganz gieren - op all déi schmieren,

Déi zum Altor - kéimen all Jor.

D’Bieleser Lidd

Text : onbekannt  

Refrain : Gérard Bintener

Musek : Gérard Bintener

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

1 Vom Erze strotzen unsere Berge

im Berge standen unsere Wiegen.

Dort harren auch der Väter Särge

dort werden unsere Leichen liegen.

Das Herz voll Blut, den Mut von Eisen,

so singen Bieleser ihre Weisen.

REFRAIN Bieles - du klengt Stéck vum Land

Bieles - du bass e feiregt Kand.

Voller Kraaft, a mat frëschem Mutt,

walt am Häerz - däin äerzegt Blutt.

2 Und fest wie Erz ist auch der Glaube,

den wir von unsern Vätern erben.

Kein Feind auf Erden kann ihn rauben,

gar weltlich leben wir und sterben.

Ja dieses Losungswort ist erzen,

es ist geprägt in Bieleser Herzen

REFRAIN

3 So haben es vor hundert Jahren,

erwiesen uns’re Bieleser Ahnen.

Als sie vor « sans culotten » Schar,

sich stellten zu des Löwen Fahne.

Mit Gut und Blut für Gott und Herrscher,

aus Erz gegossen sind wir Bieleser.

REFRAIN

* Text : erëmfonnt op engem Ziedel an enger Ausgab vum « Lidderbuch fir Lëtzebuerger Schoulen vun 1925

Gouschteng, du klengt Muselduerf

Text : J.P. Rollinger

Musek : Norbert Zeches

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

REFRAIN Gouschteng, du klengt Muselduerf

ëmmer sange mir däi Luef !

1 Wou d’Gar sou flénk duurch d’Wise spréngt,

wou d’Märel an de Weide séngt.

Wou an dem Leem déck Boune stinn,

wou d’Noper owes z’uuchte ginn.

Wou Eck a Gaass sech gutt verstinn :

Läit Gouschteng dat mir gär gesinn.

REFRAIN

2 Wou d’Rief am Hank sou dofteg bléit

Wou d’Schmuebel an der Gässel fléit.

Wou d’Haascht voll säfteg Hamen hänkt

Wou nach e lëschtegt Lidd erklénkt.

Wou d’Leit nach räich u Jore ginn :

Läit Gouschteng, wou mir gäre sinn.

REFRAIN

3 Wou an dem Gronn stëll Bänke stinn

Wou Hand an Hand jonk Kopple gin.

Wou bei der Musek Spaass a Freed

Wou d’Zäit um Fest sou flott vergeet.

Wou onse Kommer schnell verflunn :

Läit Gouschteng, dat mir gären hunn.

Greiweldeng - o - Greiweldeng

Text a Musek : Gérard Bintener

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

1 Duerch de Bësch geet d’Fahrt eraus

du kucks der d’Aen bal aus,

am Wéngert huet eng gëlle Sonn gestan

’t ass un der Zäit fir Halt ze man.

Beim Vollek gët een sech de Stelldichein

am Kiircheschiet a vum Hellgeschein,

hei fënnt sech blo-schwarz- rout a gréng

en Dierfchen reng a kleng wéi Greiweldeng.

REFRAIN Greiweldeng - o - Greiweldeng

ass do wou Rivaner am Wéngert steet,

hei mierkt ee net wéi d’Zäit vergeet,

o Freed - o  Freed - Gléckséilegkeet.

2 Nieft der Baach steet e Wäschbur

Kalleksbrenner sinn hei duergefuer,

den Hank steet voll wëller Rousestäck

méi no gekuckt sinn dat Spackelterstäck.

Wäin- a Léiffrawëschdag héiert nur !

’t  ass dem Greiweldenger seng Natur,

Gefeiers bréngt s’alleguer op Trapp

an der Gaass spillt ee mam Dillendapp.

REFRAIN

3 Hei gëtt geschafft - Hand an Hand

« wat  si mir dach eng Band » - « sou eng Band ! »

Als Selbstversorger duurch d’Liewe sech geschlon

mat Gaart a Schwäin a Kéi an Héiner ’t sollt ee son.

Vun hanne rifft den Zammermann - « schenk an ! »

vergiesst mech net, gitt mat, a net ze mann !

D’kritt keen am Duerf fir d’zweet gefleet

keen do deen dech nom Alter freet !

REFRAIN

De Mäerten vum Eechhaff

Text : Josy Braun

Musek : Gérard Bintener

Arrangement : MillerMoaler 2016 ©

1 Mäin Heemechtsdierfche läit am Syrdall

net wäit ewech vun der Eisebunn.

’t ass haut nach bal sou do wéi fréier

d’Komrode just si fortgezunn.

2 Den Eechhaff bruckt an engem Hiwwel,

bal widdrem grousse Kesselbësch.

D’Geschicht vum Mäerten hunn ech d’lescht nach

verlauschtert un dem Wiertschaftsdësch.

3 Seng Bridder hunn hie net verstanen;

hie wier en Tockskapp an e Nar.

Hunn him verzielt, wéi floo et gëschter

am Duerf bei Kiermesmusek war.

4 De Mäerten huet de véier Bridder

op hiert Geuz keng Äntwert ginn.

Hie goung dann op seng iewescht Kummer,

vu wou hie rof op d’Duerf gesinn.

5 Do stoung eng Häip, schonn honnert Joër al,

mat engem léiwe Meedchen dran.

Dach wousst hien, dat et ni kéint säint ginn;

d’Famill war sengem Papp ze mann.

6 Wat konnt dat Meedchen och scho wëssen

vum Mäerten uewen op dem Haff ?

Gesproocht hunn si eng eenzeg Kéier,

wéi si sech an der « Haardt » getraff.

7 De Mäerten hat him do gehollef

dee schwéire Gromprekuerf ze dron.

’t war schéin, fir ouni weider Wierder

sou niewent him duerch d’Gras ze gon.

8 A wéi si bei d’éischt Haiser koumen,

huet hien de Kuerf bei d’Féiss gesat;

wéi wann déi zwee-, dräihonnert Meter

dee staarke Kärel midd gemat.

9 Hie mouch as géif hien sech erblosen.

Seng Baken hu wéi Gloust gebrannt,

an seng geneelte Schong, déi molen

verwuerelt Biller an de Sand.

10 Wéi hatt do stoung, ganz lues ze laachen,

du gouf et him bal gliddeg waarm,

an ouni, datt hatt sech konnt wieren,

zitt hien et an säi brongen Aarm.

11 Du huet hatt hie mat bloen Aen

grouss ugekuckt an huet gezéckt,

sech lassgemaach, an ’t ass verkuerbelt

mam Gromprekuerf op heem geschréckt.

12 De Mäerten gouf och gläich rëm niichter.

Hatt hat him d’Bees net hannescht ginn.

Ma zënterhier huet hien hatt sonndes

nach just an der Fréimass gesinn.

13 D’Zäit ass verflugen a wéi nom Summer

iwwert d’Gewan den Hierschtwand goung,

war ’t ëmmer de Numm vum Meedchen,

deen an de raue Weisen houng.

14 De Wanter huet mat schaarfem Otem

säi Lidd ëm d’Scheiergänn gepaff.

’t huet een deem Lidd do nogelauschtert,

et war de Mäerten vun dem Haff.

15 A wéi nees d’Ouschterklacke lauden,

du hunn se ënnen an dem Duerf

aus engem ale klengen Haischen

d’Familjemamm bei d’Kierch begruef.

16 Beim Mammegraf stoung du dat Meedchen;

wéi Mamelsteen säi bleecht Gesiiicht.

’t huet lues gekrasch, därbaants vum Himmel

d’éischt Fréijoerssonn erofgeliicht.

17 Et gouf du eiel an deem Haischen.

D’Famill ass an de Minett gaang.

De Mäerten stoung dacks beim Gemaier

an huet dem Meedchen nogehaang.

18 An sou vergoung alt nees e Summer.

D’Fruucht ëm den Haff stoung gëlleschéin.

Mä ’t konnt keng Sonn, kee froue Karschnatz

den Dreemert richteg waakreg kréin.

19 Nees ass den Hierscht mam Faarwepënsel

duerch Gaart a Wiss a Bësch gezunn,

an héich sinn um Oktoberhimmel

éischt Krukerten an Träpp geflunn.

20 Et koum den Dag vun Allerséilen

De Wand huet rau vum « Ho » gepaff.

Et huet eng heemlech Gloust geziddert

am Häerz vum Mäerten op dem Haff.

21 D’Verlaangre gouf nees hellop waakreg,

dat Meedchen haut vläicht ze gesinn.

Vläicht ass et haut bei deene villen,

déi op den Eltregriewer stinn.

22 De Mäerten soll och recht behalen.

Um Graf vun senger Mamm stoung d’Kand.

Hien hat säin Hor erbléckst vu wäitem,

zerjot vun dem Novemberwand.

23 De Mäertensicht déi zwee blo Aen.

Hatt stoung do, déif de Kapp gebéckt.

Wéi hatt en hieft, mierkt hien dee Stempel,

deen d’Liewen op déi Stir gedréckt.

24 Vrum Kierfecht wollt hatt laanscht hie goen.

Hien huet et  schei beim Aarm geholl.

Mä wéi lo déi puer Wierder fannen,

déi hien dem Meedche soe soll ?

25 Wéi hatt ënnert de Leit verschwonnen,

wéi hien et aus den A verluer,

du souz hie laang op kaler Mauer

ze stuerken an de Kierfechtsbur.

26 Jorzéngte si lo scho vergaangen.

De Mäerten huet et ni verquësst,

well zënterhier, op Allerséilen,

huet hien dat Kand um Graf vermësst.

27 Hien ass well laang de « Monni Mäerten ».

Seng Kanner sinn dem Brudder seng.

’t ass Freed a Leed um Haff wéi deemools,

mä hien ass grad wéi deemools leng.

28 Am Duerf verfällt en aalt Gemaier.

An sengem Häerz verfällt et net.

’t ass him wéi wann e ganzt luest Laachen

dach enges Daags nees lieweg gëtt.

Doheem

Text : Jang Thill

Musek : Gaston Konrath 

Arrangement : Gérard Bintener 12/2012 © | MillerMoaler 2016 ©

1 Du schéinen Dall, wou Blumme bléien,

a Faarwepruecht, voll séissen Doft.

Wou Vullen op de Beem sech wéien

a sangen hell hiirt Lidd eraus an d’Loft.

Wou jiddree frou, derduerch ka goen,

an d’Haiser léif Iech kucken un.

Wou duerno d’Leit Iech frëndlech Wierder soën,

an d’Nopre Fridde mat sech hunn.

2 Du heemlech Stuff, an där een héiert

nach haut deen ale Spaass an Eescht.

Wou ee nach ëmmer kritt geféiert

di schéin al Zäit virun de Geescht !

D’Erënnerung weist engem Biller

déi ee mat Freed a Gléckgesäit :

Gedankespréng sinn et an och Gefiller

aus onser schéiner Kannerzäit.

3 Du Häerz voll Léift, wuer ee ka goën,

sech sichen Trouscht a gudde Rot;

deem een eleng dat Leed ka kloen,

vun deem ee kengem eppes soss gesot.

Dat all säi Gléck mat ons wëll deelen,

jo léiwer ganz, et ons géif gin,

dat mengt, ’t géif näischt méi dann elo him feelen,

wann ’t weess, dat mir zefridde sin !