Ufank den 1980er Joren hunn ech de Josy Braun kennegeléiert, an dat an Zesummenaarbecht als Museker bei senge Kabaretsprogrammer, Buchvirstellungen an Hörspiller.

Wann en Texter an e Museker zesumme fannen an de Fonke spréngt iwwer, dann ass et wéi bei engem Bestietnes, do kënnt ëmmer eppes eraus. Als Museker ass ee stéits op der Sich no gudden Texter fir déi op eege Manéier weider ze verschaffen.

Ze ënnersträichen bleift, datt en Text an eng Musek ëmmer seng  Eegestännegkeet huet an och behält.

Beim Josy Braun sengen zäitkriteschen Texter, sengen Gedichter, Balladen an Textkonstruktiounen koumen d'Melodiën mir entgéint gesprongen, jee, se si mir aus den Texter eraus gedanzt : gutt Beispiller sin hei : "Dem Märri säi Brautrack" an "Walert".

Och bei den Iwwersetzungen aus dem Däitschen huet de Josy Braun säin Handwierk kannt, an huet déi richteg Wierder op Lëtzebuergesch fonnt fir enger friemer Sprooch déi richteg Struktur erauszekëddelen : Die Gedanken sind frei (Deng Gedanke si fräi) : Es dunkelt schon in der Heide (Et däischtert op der Heed schonn)

E gudden Text huet eng gutt Musek verdéngt; a wann déi Saach klappt huet een gutt zesumme geschafft.

Beim Josy Braun sengen Texter ass meng Kreativitéit gefuerdert ginn an dee klenge Quant vun Impuls dee gefrot war huet mer d'musikalesch Phantasie ugereegt.

Mir haten et zesummen ugepakt a wat wichteg ass, mir hunn eis op deeër richteger Plaz zum richtegen Zäitpunkt begéint. 

© Gérard Bintener / Juli 2011